Jimmy Thank You/lb
Merci vum Wikipedia Grënner Jimmy Wales
Wow. Wat soll ech soen? Merci.
Mir hunn elo grad déi erfollegräichst Spendenaktioun an eiser Geschicht zu Enn bruecht, 16 Milliounen US-Dollar sinn a manner wéi 8 Wochen zesummekomm.
Net ze gleewen. Awer ech sinn net iwwerrascht.
Am Joer 2001, hunn ech op d'Leit gewett, an Dir hutt mech ni am Stach gelooss.
Dir hutt déi gréisst Sammlung vu mënschlechem Wëssen dat et jee gouf zesummebruecht: 19 Milliounen enzyclopedesch Artikelen an 270 Sproochen, an et ginn der all Dag méi, a se ginn all Dag besser. Dir hutt dëst ënnerstëtzt, finanzéiert a geschützt.
Reklamme maache sech fir d'Wikipedia net bezuelt. Dir schonn. Wikipedia ass de 5. gréissten Internetsite op der Welt wat d'Zuel vun de Visiteuren ugeet – 400 Millioune Leit de leschte Mount – a mir bedreiwen eis Serveren a bezuelen eis bezuelten Employéë ganz matt den Donen.
Är Donen halen d'Wikipedia fräi vu Reklammen a suergen dofir dat se gratis bleift. Är Done suergen dofir datt d'Wëssen op der ganzer Welt fräi zougänglech bleift.
Merci fir alles mat deem Dir et méiglech maacht fir d'Wikipedia wierklech ze maachen. Ech hu mech un Äre Commentairen inspiréiert a fille mech privilegéiert fir Är Begeeschterung fir d'Wikipedia ze bezeien.
Et ass eng phantastesch Geschicht. Et gëtt näischt anescht esou.
A wann Dir nach kee Beitrag gemaach hutt fir d'Wikipedia z'ënnerstëtzen, et ass net ze spéit. Dir kënnt nach ëmmer e Cadeau maache fir dat fräit an oppent Deele vu Wëssen z'ënnerstëtzen. Klickt just hei.
Nach eng kéier Merci.
Jimmy Wales
Grënner vu Wikipedia
Wikipedia is a project of the Wikimedia Foundation. Questions or comments? Write to: donate
wikimedia.org
Learn more about local chapters and their projects